German
English
French

Literatuerm: Liesung fir Kanner am Aquatower

01.10.2017

Um Sonndeg de Moien gëtt et, fir Kanner vun 3 bis 8 Joer, eng Lies-Matinée 50 Meter iwwert dem Buedem.

Programm:

3 Nouveautéiten:
- eng nei Geschicht vun der klenger Prinzessin: "Ech wëll d’Luucht un",
- 2 nei Storye vum faarweg karéierten Elefant Elmar: "Den Elmar säin neie Frend" & "Den Elmar     an de Super El“,

Ausserdeem gi nach gelies:    
- „D’Linn Lynn“ handelt sech vun de Méiglechkeete vun engem Stréch. T’geet ëm Formen, Faarwen a Gefiller“. Fir kleng a fir grouss Kanner ass dës Geschicht vum Luc Marteling.

Entrée:
5,50 Euro pro Persoun
Abegraff ass: Montée op de Waassertuerm, eng Taass Kaffi/Téi oder e Glas Jus an e Croissant

Umeldung ass obligatoresch via: aquatowerdon't want spam(at)berdorf.lu
D’Bicher vu Kremart Edition ginn et op der Platz ze kafen.

Mir freeën ons op dës flott Lies-Matinée,

Ären Aquatower Team!

 

 

serviced by Netzetera