German
English
French

Literatuerm: Liesung fir Kanner am Aquatower

23.09.2018

Um Sonndeg de Moien gëtt et, fir Kanner vun 3 bis 7 Joer, eng Lies-Matinée 50 Meter iwwert dem Buedem.

Sonndes, 23.09.2018 vu 10h30 – 12h00

Um Programm ass:
-  1 Geschicht vun der klenger Prinzessin: "Ech hätt och gär e Frënn",
- 3 Story vum faarweg karéierten Elefant Elmar: „Den Elmar an de Reebou", „ Den Elmar an de Päiperlek“ an „Den Elmar an d’Course“.

Ausserdeem gëtt nach gelies:
- „D’Linn Lynn“ handelt sech vun de Méiglechkeete vun engem Stréch. T’geet ëm Formen, Faarwen a Gefiller“. Fir kleng a fir grouss Kanner ass dës Geschicht vum Luc Marteling.

Entrée
5,50 Euro pro Persoun
Abegraff ass: Montée op de Waassertuerm, eng Taass Kaffi/Téi oder e Glas Jus an e Croissant

Umeldung ass obligatoresch via: aquatowerdon't want spam(at)berdorf.lu

D’Bicher vu Kremart Edition ginn et op der Platz ze kafen.

Mir freeën ons op dës flott Lies-Matinée,

Ären Aquatower Team!

 

 

serviced by Netzetera