Literatuerm mat Kremart Edition (program only in Luxembourgish) - 2021-10-10
Aquatower
10 Oct 2021
Literatuerm mat Kremart Edition (program only in Luxembourgish)
General information
Program
Um Sonndeg de Moie gëtt et erëm eng Liesmatinée - 50 Meter iwwert dem Buedem - fir Kanner vun 3-8 Joer!Um Programm:
„D’Sandmeedchen“, op der Sich no de Kanner hire verschwonnenen Dreem muss d’Sandmeedchen iwwer d’Wolleke reesen …, dat éischt lëtzebuergescht AR*-Kannerbuch, by Rotondes & Kremart. De Yorick Schmit hëlt Iech mat ville liewege Biller mat op d’Sich.
Ausserdeem:
de klenge Geescht, deen einfach anescht ass: rosa, léif an och e bësse fäertereg: "De Geescht Gubi",
déi neist Story vum faarweg karéierten Elefant Elmar: „De verluerene Schatz“,
an nach e puer aner flott Kannergeschichten erzielt d’Christiane Kremer vu Kremart Edition.
*AR: Augmented Reality / erweidert Realitéit
Entrée:
6,50 Euro pro Persoun
Abegraff ass: Liesung, eng Taass Kaffi/Téi/Schoki oder e Glas Viz an e Croissant
Umeldung ass obligatoresch via:
D’Bicher vu Kremart Edition ginn et op der Platz ze kafen.