Kannerliesung zesummen mat Kremart Edition (only in luxemburgish) - 2023-03-05
Aquatower
05 Mar 2023
Kannerliesung zesummen mat Kremart Edition (only in luxemburgish)
General information
Program
(fir Kanner vun 3-8 Joer)
Dot iech faarweg un a bréngt Honger mat!
Et gëtt eng Liesung voller Froen:
"Wéi fänkt een e Reebou?" D’Frutz huet Reebéi immens gär. Méi wéi alles anescht wënscht et sech, datt et selwer een hätt. Dofir wëll et ee fänken – et gëtt eng Reebou-Fänkesch!
"Wie fiddert mech?" D’Déieren hunn de géien Honger: d’Giraff, den Elefant, den Af, d’Krokodil an de Bier. Kanns du hinnen hëllefen a se fidderen? Mee wien ësst wat?
Ausserdeem nach d'Geschicht vum Kueb Kuiitsch, déi geschwënn nees ze kréien ass, a vun der Maus, déi net méi an d'Lomp, mee anzwousch anescht luusst ... an an an ...
All d'Geschichten an all d'Äntwerten an der Liesung mam Luc Marteling a Christiane Kremer.
Entrée:
7,00 € pro Persoun
Abegraff ass: Liesung, eng Taass Kaffi/Téi/Schocki oder e Glas Jus an e Croissant
D'Umeldung ass obligatoresch via:
D’Bicher vu Kremart Edition ginn et op der Plaz ze kafen.